Eng Generalversammlung mat ville Punkten um Ordre du jour. Op Besuch waren ënnert anerem de Félix Eischen, Député-Maire vu Kielen, an de Marc Spautz, Deputéierten a Schäffen vu Schëffleng.
Generalversammlung
Generalversammlung an Neijoerschpatt (15.1.2019)
Gutt Stëmmung op enger flotter AGO mat uschléissendem Neijoerschpatt.
Generalversammlung an Neijoerschpatt (15.1.2018)
D’Sektioun huet um 19h00 op hir uerdentlech Generalversammlung an d’Kulturhaus op Koplescht invitéiert. No de Gemengewale gouf de Comité vun der Sektioun nei gewielt, esou wéi d’CSV-Statuten et virgesinn. Duerno huet d’Sektioun op e Patt a gemittlecher Ronn invitéiert. (méi…)
Generalversammlung mat Adoptioun vum Koalitiounsprogramm (15.11.2017)
Op der ausseruerdentlecher Generalversammlung vun der CSV Koplescht-Briddel ass de Koalitiounsaccord tëscht CSV an DP de 15. November ugeholl ginn. (méi…)
Generalversammlung mat Presentatioun vun de Kandidaten (30.4.2017)
All CSV-Memberen waren häerzlech op d’Generalversammlung um 10h00 an den Hochzäitssall op Koplescht invitéiert ginn fir d’Lëscht fir d’Gemengewahlen 2017 ze adoptéieren. D’Presentatioun vun de Kandidaten war duerno. Fir des Versammlung haten sech ënnert anerem och de Marc Spautz (Deputéierten a Parteipresident) a Félix Eischen (Deputéierten a Bezierkspresident) afonnt. (méi…)
Generalversammlung (15.3.2017)
All CSV-Memberen waren häerzlech op d’Generalversammlung um 19h00 an d’Kulturhaus op Koplescht invitéiert ginn. (méi…)
CSV-Konvent (8.10.2016)
E puer vun eisen Delegéierten hunn den 8. Oktober 2016 um CSV-Nationalkonvent am Forum Geesseknäppchen deel geholl. (méi…)
Generalversammlung (10.3.2016)
D’CSV-Membere vun der Sektioun Koplescht-Briddel hunn sech um 19.00 Auer am Kulturhaus zu Koplescht getraff fir ënner anerem d’Membere vun hirem Comité ze confirméieren, respektiv nei ze wielen.