Nom digitalen National- a Bezierkskongress vum 24.4.2021 si mir houfreg, zwee vun onse Membere gratuléieren ze kënnen: Dem Thierry Schuman zur Wiel vum Generaltresorier vun der CSV an dem Raoul Weicker zur Wiel an de Bezierkscomité vun der CSV Süden.
CSV kommunal
Gemengenassisen 2020 (29.2.2020)
D’CSV an d’CSG hunn op d’Gemengenassisen 2020 invitéiert. De Workshop war e Samschdeg, de 29. Februar 2020 vun 09h00 bis 12h00 Auer zu Mënsbech. Vun der Sektioun Koplescht-Briddel waren zwee Schäffen an ee Conseiller um RDV.
Summerpatt (14.7.2019)
D’Sektioun huet op e Summerpatt invitéiert. Wéinst dem “Alles op de Vëlo” war den Duerfkär fir d’Autoe gespaart, esou, datt ee Koplescht mol anescht erliewe konnt. De Bezierkspresident Jean-Marie Wirth war och op Besuch.
Summerfest um Briddel (8.7.2018)
Mir haten ee flotten Nomëtteg mat onse Frënn. D’Summerfest war en diskrete Succès, esou wéi et sech fir ons gehéiert.
COMITÉSVERSAMMLUNG (18.6.2018)
De Comité vun der CSV-Sektioun Koplescht-Briddel huet sech um 19.00 Auer zu Koplescht getraff.
Vereedegung vum Schäfferot (28.11.2017, 8.12.2017)
Den 28.11.2017 goufen de Buergermeeschter Carlo Schmit (DP) an de Schäffe Raoul Weicker (CSV) vum Minister Dan Kersch vereedegt. De Schäffen Thierry Schuman (CSV) war deen Dag verhënnert an ass nodréiglech den 8.12. 2017 vereedegt ginn. (méi…)
Vereedegung vum Gemengerot (5.12.2018)
De 5.12.2018 um 16h00 goufen zu Koplescht déi nei Gemengeconseillere vereedegt. De 14.12. ass dann déi éischt Seance vum neie Gemengerot. (méi…)