De Comité vun der CSV-Sektioun Koplescht-Briddel huet sech um 20.00 Auer an der Salle polyvalente um Briddel getraff.
Aktualitéit
Wahlversammlung mat den CSV-Südkandidaten um Briddel (24.9.2018)
De 24. September haten sech d’Südkandidaten um Briddel fir eng Wahlversammlung mat de Bierger aus der Gemeng Koplescht afonnt. Merci u jidderee fir deen informativen Owend a gemittlecher Ronn. (méi…)
Stand bei “Alles op de Vëlo” 2018 (15.7.2018)
Op dem Stand vun onser lokaler Sektioun hu mir Kaffi, Schocki, Kuch, Muffins a Face-Painting ugebueden. (méi…)
Grousst CSV-Summerfest zu Hesper (12.7.2018)
Ee grouss Treffen fir all d’Memberen aus alle Sektiounen.
Summerfest um Briddel (8.7.2018)
Mir haten ee flotten Nomëtteg mat onse Frënn. D’Summerfest war en diskrete Succès, esou wéi et sech fir ons gehéiert.
COMITÉSVERSAMMLUNG (18.6.2018)
De Comité vun der CSV-Sektioun Koplescht-Briddel huet sech um 19.00 Auer zu Koplescht getraff.
COMITÉSVERSAMMLUNG (23.4.2018)
De Comité vun der CSV-Sektioun Koplescht-Briddel huet sech um 20.00 Auer am Kulturhaus getraff.
Neijoersreceptioun zu Nidderaanwen (4.1.2018)
D’CSV huet hir Memberen op d’Neijoersreceptioun zu Nidderaanwen invitéiert. Hei Vertrieder vun eiser Sektioun beim spontane Photo Shooting.
Vereedegung vum Schäfferot (28.11.2017, 8.12.2017)
Den 28.11.2017 goufen de Buergermeeschter Carlo Schmit (DP) an de Schäffe Raoul Weicker (CSV) vum Minister Dan Kersch vereedegt. De Schäffen Thierry Schuman (CSV) war deen Dag verhënnert an ass nodréiglech den 8.12. 2017 vereedegt ginn. (méi…)
Vereedegung vum Gemengerot (5.12.2018)
De 5.12.2018 um 16h00 goufen zu Koplescht déi nei Gemengeconseillere vereedegt. De 14.12. ass dann déi éischt Seance vum neie Gemengerot. (méi…)