De Comité vun enger CSV-Sektioun setzt sech aus mindestens dräi gewielte Memberen zesummen. (Gemengeréit, Deputéiert a Minister aus enger Sektioun gehéieren dem Comité duerch hiert Mandat automatesch un. Och jee zwee Vertrieder vun den Organisatioune CSJ, CSF a Senioren.) De Comité ass d’Exekutivorgan vun enger Sektioun a muss sech un Decisioune vun der Generalversammlung halen. De Comité wielt aus senger Mëtt e President, e Sekretär, en Trésorier a bis zu zwee Vizepresidenten. De Comité organiséiert a koordinéiert d’Aarbechten an d’Aktivitéite vun der Sektioun. E representéiert d’CSV an der Gemeng an hält de Kontakt mam CSV-Bezierk a mam Generalsekretariat.
An alle Kommissiounen si mir iwwerdeems mat bis zu véier Membere vertrueden.
President: Raoul Weicker
Sekretären: Anaïs Sara Rastegar, Simone Hédo
Vizepresidenten: Véronique Scheer, Olivier Meyers
Trésorière: Ivana Santin
Membren: Jennifer Bintener, Max Didier, Léon Glodt, Alex Pepin, Touraj Rastegar, Christophe Reffay, Joe Schanen, Thierry Schuman, Chloé Vaudois
Gestionnaire vun der Internetsäit: Raoul Weicker
Gestionnaire vum Facebook: Anaïs Sara Rastegar, Raoul Weicker
CSV Kopstal-Bridel
CCPL LU48 1111 0896 4113 0000