Mobilitéitskonzept

No engem tragesche Verkéiersaccident zwëschen engem jonke Meedchen aus eiser Gemeng an enger Camionnette, deen zum Gléck net déidlech ausgaangen ass, hunn sech eng Rei Elteren zu enger Biergerinitiativ zum Thema Verkéier zesummegedoen.

D’Gemeng huet doropshin eng Etude iwwert d’Mobilitéitskonzept um Briddel an zu Koplescht an Zesummenaarbecht mat externe Partner an d’Liewe geruff.

Liewensqualitéit an Sécherheet si wichteg Wäerter, déi eis alleguer eppes uginn. D’Resultater vun dëser Etude kommen duerch Zesummenaarbecht mat allen fräiwëllege Bierger aus der Gemeng zustanen.

D’CSV-Sektioun Koplescht-Briddel wëll och no der Etude dofir antrieden, datt des Resultater laangfristeg ëmgesat ginn.