Iwwer ons

  • De Comité vun enger CSV-Sektioun setzt sech aus mindestens dräi gewielte Memberen zesummen. (Gemengeréit, Deputéiert a Minister aus enger Sektioun gehéieren dem Comité duerch hiert Mandat automatesch un. Och jee zwee Vertrieder vun den Organisatioune CSJ, CSF a Senioren.) De Comité ass d’Exekutivorgan vun enger Sektioun a muss sech un Decisioune vun der Generalversammlung halen. De Comité wielt aus senger Mëtt e President, e Sekretär, e Caissier a bis zu zwee Vizepresidenten. De Comité organiséiert a koordinéiert d’Aarbechten an d’Aktivitéite vun der Sektioun. E representéiert d’CSV an der Gemeng an hält de Kontakt mam CSV-Bezierk a mam Generalsekretariat.
    De Comité vun eiser Sektioun