D’Mandataire vun den zwou Sektiounen hunn sech zu Koplescht getraff fir sech iwwer déi nächst grouss Projete vun der Gemengepolitik ze concertéieren.
Gemengewahlen 2017
Vereedegung vum Thierry Schuman (CSV) als Buergermeeschter (14.11.2020)
Den vum Thierry Schuman (CSV) gëtt als neie Buergermeeschter vun der Gemeng Koplescht vereedegt. Hie war virdrun 6 Joer Schäffen a léist de Carlo Schmit (DP) of. Zäitgläich gëtt de Josy Popov (DP) als Schäffen vereedegt. De Raoul Weicker (CSV) bleift am Schhäfferot. Photo: Thierry Schuman (l), Josy Popov (m), Taina Bofferding (r)
Interfraktionell CSV-DP (31.10.2019)
Mir kucken zesummen mat der DP, wat scho gemaach ginn ass a wat net.
Interfraktionell CSV-DP (14.10.2019)
D’Mandataire vun den zwou Sektiounen hu sech zu Koplescht getraff fir sech iwwer déi nächst 3 Joer Koalitioun 2020-2023 ze concertéieren.
Interfraktionell CSV-DP (12.12.2019)
D’Mandataire vun den zwou Sektiounen hu sech zu Koplescht getraff fir de Bilan iwwert déi éischt zwee Joer Koalitioun ze maachen. Et konnten och weider Pläng fir d’Zukunft gemaach ginn.
Vereedegung vum Schäfferot (28.11.2017, 8.12.2017)
Den 28.11.2017 goufen de Buergermeeschter Carlo Schmit (DP) an de Schäffe Raoul Weicker (CSV) vum Minister Dan Kersch vereedegt. De Schäffen Thierry Schuman (CSV) war deen Dag verhënnert an ass nodréiglech den 8.12. 2017 vereedegt ginn. (méi…)
Generalversammlung mat Adoptioun vum Koalitiounsprogramm (15.11.2017)
Op der ausseruerdentlecher Generalversammlung vun der CSV Koplescht-Briddel ass de Koalitiounsaccord tëscht CSV an DP de 15. November ugeholl ginn. (méi…)
Resultat Gemengewahlen 2017 (8.10.2017)
Mir soen alle Wieler vun der CSV Koplescht-Briddel Merci fir d’Vertrauen an d’Unerkennung. Eis Sektioun huet mat hirer Hëllef en historesch gudde Score gemaach. Prozent vun de Stëmmen (mat Verglach zu 2011) (méi…)
Open Space Conference (30.9.2017, Wahlversammlung zu Koplescht)
De Comité an d’Kandidaten hunn eng zweet Wahlversammlung zu Koplescht am Kulturhaus ofgehalen (10h00).
Open Space Conference (28.9.2017, Wahlversammlung um Briddel)
De Comité an d’Kandidaten hunn eng éischt Wahlversammlung um Briddel an der Salle polyvalente ofgehalen (19h15).