Hierschtfest (20.10.2018)

D’lokal Sektioun huet op d’Hierschtfest an e Restaurant op Koplescht invitéiert. D’Stëmmung war ganz gutt. Besonnesch den Echange mat onse Memberen ass am Moment ganz wichteg.

CSV-Konvent zu Ettelbréck (24.3.2018)

De 24. Mäerz war de Konvent zu Ettelbréck. Och eng Delegatioun vun der CSV-Sektioun Koplescht-Briddel huet deel geholl. D’Nationalwahlen 2018 waren e wichtegt Thema vum Konvent, wou déi  60 Kandidaten fir Chamberwahlen virgestallt goufen.