D’Mandataire vun den zwou Sektiounen hu sech zu Koplescht getraff fir de Bilan iwwert déi éischt zwee Joer Koalitioun ze maachen. Et konnten och weider Pläng fir d’Zukunft gemaach ginn.
Hierschtfest zu Koplescht (16.11.2019)
Op dem gutt besichten Hierschtfest war eng gutt Stëmmung. Merci fir déi interessant Échange mat onse Memberen.

Comitésversammlung (26.9.2019)
| Comité
De Comité vun der Sektioun huet sëch um 19h00 um Briddel an der Salle poly getraff.
Summerpatt (14.7.2019)
D’Sektioun huet op e Summerpatt invitéiert. Wéinst dem “Alles op de Vëlo” war den Duerfkär fir d’Autoe gespaart, esou, datt ee Koplescht mol anescht erliewe konnt. De Bezierkspresident Jean-Marie Wirth war och op Besuch.
Bezierkscomité vun der CSV Süden zu Koplescht (18.6.2019)
Quo vadis CSV? Um 19h30 war Debriefing no den Europawahlen 2019, e flotten a konstruktiven Austausch mat dem Frank Engel (Parteipresident) a Félix Eischen (Generalsekretär). De Bezierkscomité huet och d’Presidenten, Sekretären a Responsabel vun der Europawahlcampagne am Süden invitéiert.
COMITÉSVERSAMMLUNG (17.6.2019)
| Comité
De Comité vun der Sektioun huet sëch um 19h00 zu Koplescht am Kulturhaus getraff.
CSV-Wahlversammlung zu den Europawahlen (23.5.2019)
E Donneschdeg, den 23. Mee am „1535 Creative Hub“ zu Déifferdeng (115, rue Emil Mark) waren och Vertrieder vun der CSV Koplescht-Briddel dobäi.
Optakt vun der Europawahlcampagne um Briddel (25.4.2019)
Hei gëtt grad e grousst Wahlplakat um Briddel opgeriicht a gepecht.

COMITÉSVERSAMMLUNG (17.4.2019)
| Comité
De Comité vun der Sektioun huet sëch um 18h15 zu Koplescht am Kulturhaus getraff.
CSV-Europakongress (23.3.2019)
Flotten Europakongress zu Gréiwemaacher. D’CSV Koplescht-Briddel ass och vertrueden.


