Gemengenassisen 2020 (29.2.2020)

D’CSV an d’CSG hunn op d’Gemengenassisen 2020 invitéiert. De Workshop war e Samschdeg, de 29. Februar 2020 vun 09h00 bis 12h00 Auer zu Mënsbech. Vun der Sektioun Koplescht-Briddel waren zwee Schäffen an ee Conseiller um RDV.

Generalversammlung (24.2.2020)

Eng Generalversammlung mat ville Punkten um Ordre du jour. Op Besuch waren ënnert anerem de Félix Eischen, Député-Maire vu Kielen, an de Marc Spautz, Deputéierten a Schäffen vu Schëffleng.

Neijoerschpatt 2020 (28.1.2020)

D’Sektioun huet mat hiere Memberen op dat neit Joer an der Salle polyvalente ugestouss. All Alter war vertrueden. Besonnesch gouf sech iwwert de Besuch vum Gilles Roth, Député-Maire vu Mamer, gefreet.

Summerpatt (14.7.2019)

D’Sektioun huet op e Summerpatt invitéiert. Wéinst dem “Alles op de Vëlo” war den Duerfkär fir d’Autoe gespaart, esou, datt ee Koplescht mol anescht erliewe konnt. De Bezierkspresident Jean-Marie Wirth war och op Besuch.

Bezierkscomité vun der CSV Süden zu Koplescht (18.6.2019)

Quo vadis CSV? Um 19h30 war Debriefing no den Europawahlen 2019, e flotten a konstruktiven Austausch mat dem Frank Engel (Parteipresident) a Félix Eischen (Generalsekretär). De Bezierkscomité huet och d’Presidenten, Sekretären a Responsabel vun der Europawahlcampagne am Süden invitéiert.